Net agelogged Newsletter | Login

Jobs @ Eldo

Stage (Praktikum) bei Eldoradio?

Dir hutt Loscht a sidd motivéiert vir e Stage (Praktikum) vu 4 Wochen (oder méi) bei Eldoradio ze maachen?

Dir sollt op mannst 18 Joer hunn, en Auto-Führerschäin a lëtzebuergesch schwätzen.

Da probéiert ärt Gléck a schéckt eis ären CV an är Lettre de Motivation op jobs@eldoradio.lu oder per Post un:


ELDORADIO
STAGE
45, BD. PIERRE FRIEDEN
L-1543 LUXEMBOURG


Stage an der Eldoradio Musekredaktioun!


Entdeckt äre Radio!
Eldoradio ënnerstëtzt är Perspektiven an bitt engagéierten an motivéierten Talenter d’Méiglechkeet, mat engem Stage de Medium Radio kennenzeléiren a matzegestalten.
Mir bidden:

  1. - en Abléck an d’Aarbechtsmethoden vun enger moderner Radioredaktioun
  2. - aktiv Mataarbecht bei der deeglecher Selektioun an Veraarbechtung vun der Musek an dem Musekscontenu
  3.  

Mir sichen:

  1. - gutt Musekskenntnisser
  2. - gutt Sproochkenntnisser am Lëtzebuergeschen, Däitschen, Franséischen an Engleschen
  3. - Teamspirit
  4. - op mannst 3 Méint Zäit

Schéckt eis w.e.g. är Demande op folgend Adress:
Eldoradio
Stage Musék
45. bd. Pierre Frieden
L-1543 Luxembourg
oder per Mail op jobs@eldoradio.lu

 

Eldoradio sicht Freelance Redakter a Reporter.

Aufgab:

- Recherche an Presentatioun vun den Eldoradio News an den Eldoradio Online News

- Zesummestellen vu Reportagen op Pressekonferenzen an Events

- Korrespondenzen vun Events am In- an Ausland

 

Viraussetzung:

- Groussen Interessi un der nationaler Aktualitéit an der Gesellschaft

- Gudden Ëmgang mat der Lëtzebuerger Sprooch

- Flexibilitéit

- Redaktionnell Erfahrung oder Ausbildung ass vu Virdeel

Dat bidde mir:

- Flexibel Aarbechtszäiten an Aarbechtspensum

- Interessant Themen mat eegener Kreativitéit an Responsabilitéit

- Deel ze sin vun enger dynamecher Crew

- Gutt Chancen fir am lëtzebuerger Medienwiesen Fouss ze faassen

Mir freeën eis iwwer all Demande (am léifsten akustesch) mat CV a Lettre de Motivation ob jobs@eldoradio.lu

 



Dir als Eldoradio Nightlife Fotograf?

 

 

Dir sidd Hobbyfotograf(in), éiweg um Tour a maacht gären Fotoen aus dem Nuetsliewen?

Dann schreiwt ons eng E-Mail mat Ären Donéen un photos@eldoradio.lu a gidd fraiwëllegen Eldoradio Fotograf!

Alternative content



Last Played Songs

Ellie Goulding

Under The Sheets
Buy
08:57
CD Cover

One Republic

Marchin On
08:53

Robbie Williams

Shame
Buy
08:46

Green Day

Boulevard Of Broken Dreams
Buy
08:42

Alex Band

Tonight
Buy
08:38