Ippi's Dancing Queen

Doropshin mussen den Jimmy an de Camille sech op eng opreegend Zäitrees an d'70er Joere maachen, wou vill Geforen op si laueren : Kënne si de Banditen Norbert a Jacques entkommen ? Schaffe si et, fir d'Entféierung vun der Dancing Queen ze verhënneren ? A gewënnt déi berühmte Museks-Grupp "Ippi" schlussendlech de Centre Prince Henri - Music Award ?
All dat gitt dir gewuer, wann dir den 2te Juli owes um halwer 8 oder de 4te Juli mëttes um 16 Auer an de Centre Prince Henri kommt an iech zesumme mam Jimmy a mam Camille op des spannend Zäitreess maacht ! Reservatiounen ënnert der Nummer 691 36 55 93. "














