CD Tipp
Mando Diao - The malevolence of Mando Diao

Sou ass dat, wann een um Späicher oder am Keller an ale Këschten wullt. Do fënnt een Erënnerungen, déi een eigentlech scho verdrängt hat- muncher och zu Recht. Déi Responsabel vun der Plackefirma EMI hunn dogéint misse feststellen, dass do tatsächlech nach masseg Material vun Mando Diao ronderëm läit. Eng Band mat där sech et d’Plackefirma mëttlerweil zimlech verduerwen. A fir dass een net am Sträit ausernee geet, koume Band a Label nach eemol zesummen- an zéien lo mat dëser Sammlung vu Raritéiten a B-Säiten en definitive Schlussstréch ënnert hir Bezéiung.
Den Album „The malevolence of Mando Diao“ weist: Vu Lidder déi et bei Mando Diao just op eng B-Säit gepackt hunn, kënnen aner Bands nëmme dreemen. Den Album ass och erstaunlech villsäiteg: ale Motown-Soul, romantesch Balladen a jugendleche Rock- all dat fënnt een op dësem Album.
Dat komplett Material wier labber fir op mannst ee groussen Hitalbum duer gaangen – firwat verschidde Lidder et net op ee reguläre Studioalbum gepackt hunn, muss een dann och net verstoen. Déi nei, bis elo onveröffentlecht Single „The quarry“ mat liichtem Mariachi-Touch muss een do schonn zu den e bësse manner gelongenen Stécker zielen.
Natierlech ass net all B-Säit en Hit. Verschidde Lidder wéi „Searching for owls“ passen effektiv besser op eng B-Säit, an de Beatles-Cover „A hard day's night“ wär besser als Kuriositéit wéi als Raritéit archivéiert ginn- och wann d‘Schweden selwer dësem Klassiker hiren eegene Stempel opdrécken. Trotzdem zitt des Kollektioun e gelongene Bilan vun de Bandjoren 2002 bis 2007. Fir net ze soen, dës B-Säiten –Kollektioun ass bis elo ee vun de beschte Mando Diao Alben.
Weider Artiklen
![]() | 30. Aug 11:18 Hurts: Happiness |
![]() | 25. Aug 13:01 Wir Sind Helden: Bring mich nach Hause |
![]() | 18. Aug 11:29 Rhythms Del Mundo: Revival |
![]() | 6. Aug 10:58 Arcade Fire: The Suburbs |
![]() | 15. Jul 12:01 Darwin Deez: Darwin Deez |
![]() | 19. Mär 17:49 Amy Mc Donald: A Curious Thing |
![]() | 14. Mär 16:58 Gorillaz, Plastic Beach |
![]() | 23. Feb 15:49 The Raveonettes, In and out of control |
![]() | 15. Feb 15:26 Delphic, Acolyte |
![]() | 9. Feb 14:48 Massive Attack, Heligoland |


















