Net agelogged Newsletter | Login

CD Tipp

Alicia Keys, The Element of Freedom

23.12.2009, 18:46 - Fir d'lescht aktualiséiert: 23.12.2009, 18:49

D'Alicia Keys ass an der R'n'B Musek e bëssen de Géigemodell zu de blénkege Plastikprinzessinnen wéi Rihanna a Lady Gaga. D'Alicia Keys schreift a produzéiert seng Stécker selwer a bei senge Concerte sëtzt hatt diskret hannert dem Piano. Lo huet d'Alicia Keys säi 4. Studioalbum an 8 Jor virgeluecht.

Am Géigesaz zu de Virgänger fällt de Luef iwwert „The Element of Freedom“ allerdéngs méi verhalen aus. Dat war sou net ofgesinn: well vrun e puer Wochen réischt hat den Jay-Z hatt mat „Empire state of Mind“ an d'Hitparade katapultéiert.

Mat de 14 Stécker vun „The Element of Freedom“ beweegt sech d'Alicia Keys ewech vu sengen afroamerikanesche Soul-Wuerzelen. Dogéint ass als éischt mol näischt anzewennen, well schliisslech geléngen him e puer exzellent Poplidder.

D'Problemer leie bei de Balladen. Där ginn et um Album net nëmmen ze vill, mee vrun allem klénge si all d'selwecht. Do klimpert als éischt de Piano vru sech hin, da schwëllt d'Lidd dramatesch un, fir dann nees duuss ofzekléngen. Wéinstens gëtt op dee soss sou obligatoreschen Tounartwiessel verzicht.

Spéitstens an dëse Momenter weist sech, dass et kee Fehler vum itunes-Programm war, den Album net an de Genre R'n'B, mee an de Genre Easy Listening anzeklasséieren. Wou dëse Stilwiessel mol ende kéint, dofir gëtt et schonn éischt Unzeechen. D'Alicia Keys soll mat Disney e Kontrakt iwwer een Animatiounsfilm ofgeschloss hunn. Wann et him also tatsächlech drëm goe sollt, kitschege Pop fir en Comic-Blockbuster ze schreiwen, dann ass et mat sengem neien Album um richtege Wee. Et bleift allerdéngs d'Fro, ween sech dann nach ëm d'Rettung vum R'n'B këmmere soll.

 



Weider Artiklen

9. Sep 16:08
Brandon Flowers: Flamingo
30. Aug 11:18
Hurts: Happiness
25. Aug 13:01
Wir Sind Helden: Bring mich nach Hause
18. Aug 11:29
Rhythms Del Mundo: Revival
6. Aug 10:58
Arcade Fire: The Suburbs
15. Jul 12:01
Darwin Deez: Darwin Deez
19. Mär 17:49
Amy Mc Donald: A Curious Thing
14. Mär 16:58
Gorillaz, Plastic Beach
23. Feb 15:49
The Raveonettes, In and out of control
15. Feb 15:26
Delphic, Acolyte

Alternative content



Last Played Songs

CD Cover

One Republic

Marchin On
08:53

Robbie Williams

Shame
Buy
08:46

Green Day

Boulevard Of Broken Dreams
Buy
08:42

Alex Band

Tonight
Buy
08:38

Lady Gaga

Alejandro
Buy
08:31