Aner Musek Themen
Gorillaz: Plastic Beach
„Plastic Beach“ heecsht dene neien Album vun der Comicband Gorillaz. D'Museker em den Damon Albarn hunn sech also op eng fiktiv Insel zréck gezunn

Ganz sou einsam ass d'Insel awer dach net: d'Lëscht vun den Invité'en ass laang an héichwerteg. Dobai sinn zum Beispill de Mos Def, De La Soul an Snoop Dogg. Mee et dauchen och e puer Nimm op, déi net onbedengt z'erwarden waren, wéi zum Beispill d'Soullegend Bobby Womack, de Rockveteran Lou Reed oder de libaneschen Nationalorchester fr Arabesch Musik.
D'Invité'en vun deser ganz spezeiller Beachparty brengen natierlech all hiren eegene Stil mat, sou dass sech um Album HipHop mat orientaleschen Aflëss an Elektropop mat Soul mëschen. Mee „Plastic Beach“ ass alles anescht wéi musikalesche Recycling, well den Damon Albarn verschmëlzt di verschidden Elementer mam typeschen Gorillaz-Sound zu engem organeschen Ganzen. Allerdengs stiechen aus desem Ganzen éischter eenzel Momenter eraus wéi eenzel Lidder. Zum Beispill de Moment an „Sweepstakes“, wou den Hypnotic Brass Ensemble mat vollem Blieserasatz lass leet.
Eent vun de wéinege Stécker dat ouni Problem fir sech eleng stoen kann, ass de komesch hypnotesche „Rhinestone Eyes“, wou kee Gaaschtmuseker bedeelegt war. Richteg komerziell Radiohitten wéi „Clint Eastwood“ oder „Feel Good Inc.“ sicht een op „Plastic Beach“ awer emsoss. Dat mecht den Album net méi schlecht, awer och net méi einfach ze lauschteren. Déi gutt Noricht: Well et sou onheemlech ofwiesslungsraich as, gëtt awer och an der Dauerrotatioun net sou séier langweileg. Echten Konscht-Stoff eben.
Weider Artiklen
![]() | 15. Jul 12:33 Fraennimm a Lidder |
![]() | 19. Mär 10:38 Fun Lovin Criminals |
![]() | 12. Mär 16:09 Gorillaz: Plastic Beach |
![]() | 11. Mär 12:57 Owl City |
![]() | 26. Feb 10:54 Ellie Goulding |
![]() | 25. Feb 15:54 The Go Find |
![]() | 17. Feb 14:59 The Raveonettes |
![]() | 16. Feb 12:34 Shout Out Louds |
![]() | 3. Feb 16:55 Corinne Bailey Rae |
![]() | 29. Jan 13:20 Timid Tiger |
Alternative content
















