Aner Musek Themen
The Go Find
Di belsch Band The Go Find huet lo hiren 3. Album "Everybody Knows It's Gonna Happen Only Not Tonight"eraus bruecht.

Et soll ee bestëmmte Musek jo net onbedengt op konkret Situatiounen festlee'en. Mee um Wee an d'Disko oder op e Rockconcert wäert ee sech den neien Album vun der belscher Band The Go Find wuel net ulauschteren. Hart a séier machen anerer, hei ass alles lëfteg, locker a fiederliicht.
D'Entreprise The Go Find huet viru 6 Jor ugefangen: de Sänger a Gittarist Dieter Sermeus, zu dësem Zäitpunkt nach bei der Indie-Band Orange Black, kanaléisiert seng Léift fir Elektronik vun do un an de Soloprojekt The Go Find. Mam 3. Album ass d'Band lo zu engem Quintett gewuess, an och dat elektronescht trëfft, trotz omnipresenten Synthesizer, net méi wirklech zou: The Go Find machen einfach nëmme wonnerbar entspaante Popmusik.
Dat fänkt un mam Opener an Titelstéck, engem wonnerbaren Stéck Schluffi-Krautpop. D'Single “Its automatic” verbreet dann e bësse méi Energie. Am grousse ganzen kënnt bei dësem Album awer keen un d'Schweessen, d'Band abegraff. Mat engem gutt gewielten Instrumentarium aus Batterie, Akustik-Gittar, Synthesizer a Saxofon gëtt hei di héich Konscht vum Understatement zelebréiert.
Einfach Lidder, mat einfache Mëttelen emgesat: wat heefeg ganz banal end, gëtt hei mat Liichtegkeet zu engem iwwerzeegenden Resultat gedriwwen. Well The Go Find beherrschen d'Konscht, dat Rouegt, Onspektakulärt interessant an eben net langweileg ze gestalten.Zouginn: Rock kléngt anescht. Mee heinsdo braucht ee jo och mol eng kurz Paus. Dofir ass The Go Find dee perfekte Soundtrack.
Weider Artiklen
![]() | 15. Jul 12:33 Fraennimm a Lidder |
![]() | 19. Mär 10:38 Fun Lovin Criminals |
![]() | 12. Mär 16:09 Gorillaz: Plastic Beach |
![]() | 11. Mär 12:57 Owl City |
![]() | 26. Feb 10:54 Ellie Goulding |
![]() | 25. Feb 15:54 The Go Find |
![]() | 17. Feb 14:59 The Raveonettes |
![]() | 16. Feb 12:34 Shout Out Louds |
![]() | 3. Feb 16:55 Corinne Bailey Rae |
![]() | 29. Jan 13:20 Timid Tiger |
Alternative content
















